lb | fr | pt | en |
1. Adventssonndeg C
Lk 21,25-28.34-36
25 De Jesus sot zu senge Jünger: "Et geschéien Zeechen u Sonn, Mound a Stären, an op der Äerd kënnt Angscht iwwer d’Vëlleker: Si wëssen hirer Hänn kee Rot méi, wann d’Mier schaimt an d’Welle rosen.
26 Iwwerdeems wou d’Mënschen op all dat waarden, wat nach op d’Welt duerkënnt, fäerten si sech zu Doud, well d’Himmelskräfte ginn ziddere gedoen.
27 An da gesinn si de Mënschejong, dee mat vill Kraaft an Herrlechkeet op enger Wollek kënnt.
28 Wann dat alles awer ufänkt ze geschéien, da riicht iech op an hieft de Kapp, well är Erléisung ass um Kommen!
34 Huelt iech awer an Uecht, datt är Häerzer net duerch Dusel a Soff an d’Suerge vum Alldag belaascht sinn, an datt deen Dag net stënterlech iwwer iech kënnt
35 wéi eng Schléng; e kënnt nämlech op alleguer d’Mënschen duer, egal wou si och op der Äerd wunnen.
36 Bleift waakreg a biet déi ganzen Zäit, datt dir all deem, wat elo schon ufänkt, entgoen an da virun de Mënschejong triede kënnt!"