lb | fr | pt | en | de |
D’Sonndesmass gouf vun Hemstal iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 24. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Hemstal iwwerdroen. E Grupp vu Kantoren aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstal huet ënnert der Leedung vum Tom Osborne gesongen, um Keyboard begleet vum Libby Kramer.
D’Radiosmass vum 3. Sonndeg am Joreskrees B , gläichzäiteg de Sonndeg vum Wuert Gottes, matzen an der Woch vun der Eenheet vun de Chrëschten, gëtt zu Hemstel vun engem klenge Grupp vu Kantoren a Sänger aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel animéiert. Am Evangelium gëtt vun deenen véier éischte Jünger erzielt, déi beim See vu Galiläa vum Jesus beruff gi sinn fir Fëscher vu Mënschen ze ginn. An der Kierch zu Bech kann een dësen Text aus dem Markusevangelium an enger vun der Kierchefënsteren, déi dem Apostel Johannes gewidmet sinn, als Bild kucken a meditéieren. Mir hunn fir déi gesanglech Gestaltung vun dëser Radiosmass Lidder aus dem modernen däitschen, franséischen an amerikaneschen Repertoire erausgesicht. D’Wuert vu Gott, d’Lidder, d’Bild vun der Becher Kierchefënster an d’Gebieder sollen ons beweegen a begleeden, a mat eisem Liewen an Dialog trieden, wa mir als Chrëschte vun haut zesummen ënnerwee sinn.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | As the Deer | Martin Nystrom, Arr. Douglas E. Wagner |
---|---|---|
Agangslidd | Lasst uns ziehn zu den Quellen des Lebens | F.-T. Sonka, N.M. Becker, T. Kladeck |
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Gloria, Ehre Gott in der Höhe | J. Berthier, H. Schubert |
Psalm | Comme un souffle fragile | P. Jacob, G. de Courrèges |
Alleluja | Alléluia | L. Grzybowski, B. Foskin, J. Akepsimas |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Parle, Seigneur | J.-M. Vincent |
Sanctus | Heilig, Heilig, Hosanna in der Höhe | P. Reulein |
Anamnes | Magn 360,5 | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Petite Messe, Agneau de Dieu | J. Akepsimas |
Kommiounslidd | Here I am, Lord | D. Schutte |
Schlusslidd | Ihr sollt ein Segen sein | J.-M. Roth |
Sortie: Uergel | We gather Together | E. Kremser, Arr. J. Carter |
Chouer: Kantoren aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstal
Dirigent: Tom Osborne
Organist: Libby Kramer