lb | fr | pt | en |
D’Mass um 16. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beetebuerg iwwerdroen
Den 23. Juli gouf d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg gesong, Dirigentin war d’Myriam Schartz, op der Uergel begleet de Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg
D’Chorale Ste Cécile vu Beetebuerg huet scho vill Joren um Bockel. Sie gouf 1889 an d’Liewe geruff, fir d’éischt als Männerchouer, nom 2. Weltkrich koum kuerzfristeg e Bouwechouer derbäi a säit 1966 konnten Damme bäitrieden. De Chouer verschéinert d’Sonndesmassen, sengt Begriefnisser an Hochzäiten an och weltlech Optrëtter stinn um Programm.
D’Chorale besteet am Moment aus 15 aktive Memberen a gëtt geleet vum Myriam Schartz. Den Organist op der Beetebuerger Uergel ass de Romain Ludwig.
Mir treffen eis all Donneschden um 19.30 Auer an der Kierch fir ze prouwen. Wien sech eis wëllt uschléissen ass häerzlech wëllkomm, well de Chouer ass frou fir all neie Member.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Introduktioun iwwert d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Ein Haus voll Glorie | Joseph Mohr |
Kyrie | Guardian Angel Mass | L. Nemmers |
Gloria | Gloria, Ehre sei Gott | Kathi Stimmer-Salzeder |
Alleluja | Alléluja, paroles de vie | Jean-Marie Vincent |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Seigneur mon âme s’émerveille | C.C. Scholefield |
Sanctus | Guardian Angel Mass | L. Nemmers |
Anamnes | Gloire à toi | LD 263 |
Agnus Dei | Guardian Angel Mass | L. Nemmers |
Kommiounslidd | Un cri de joie: Magnificat! | Guy de Courrèges |
Schlusslidd | Geh mit Gottes Segen | Pasquale Thiébaut |
Uergel: Sortie | Fuga BuxWV174 | Dietrich Buxtehude |