lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Lëntgen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 30. September, um 9 Auer aus der Kierch vu Lëntgen iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Lintgen huet ënnert der Leedung vum Luss Steffen gesongen, op der Uergel huet de Marc Loewen begleet.
Chorale Ste Cécile Lintgen
De Lëntgener Cäciliechouer gouf 1932 gegrënnt an ass haut e gemëschte Chouer vun 28 aktive Sängerinnen a Sänger. Hien huet als Ziel, déi kierchlech a weltlech Fester an der Gemeng Lëntgen ze verschéineren an organiséiert regelméisseg Concerten, déi him an de leschte Jore vill Luef abruecht hunn. De Chouer steet säit dem Joer 2000 ënnert der Direktioun vum Luss Steffen. Organiste sinn d’Joffer Eleonore Mattern an de Marc Loewen. De Marc Loewen spillt d’Uergel bei der Radiosmass.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Monologue op 162 Nr 1 | J.G. Rheinberger |
---|---|---|
Agangslidd | Komm zu uns in deinem Wort | Klaus Heizmann |
Kyrie | Messe de San Lorenzo | |
Gloria | Gloire à Dieu | Jacques Berthier |
Alleluja | Jesus Christ, you are my life | Marco Frisina |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | I’ve got a feeling | Lorenz Maierhofer |
Sanctus | Messe de San Lorenzo | |
Anamnèse | Messe de San Lorenzo | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe de San Lorenzo | |
Schlusslidd | Singet Dankeslieder | Klaus Heizmann |
Sortie: Uergel | Praeludium in D-Dur BWV 532 | J.S. Bach |
Chouer: Chorale Ste Cécile Lintgen
Dirigent: Luss Steffen
Organist: Marc Loewen