lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 10. Juli gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
D’Sonndesmass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium séngt d’Mass. D’Direktioun vum Chouer huet d’Nancy Back-Kelsen. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen a schonn um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble Vocal Cantus Gaudium
Ensemble Vocal Cantus Gaudium ass den Numm vun engem Grupp Hären, déi sech am Januar 2015 spontan zesummefonnt hu fir ze sangen.
Wéi den Numm et scho seet, soll de Grupp d’Freed um Sange nach fërderen.
Déi meescht Hären, déi bal alleguer an engem gemëschte Chouer sangen, hunn et flott fonnt am renge Männergesank hiren Horizont ze erweideren.
Am Joer 2022 huet den Ensemble Vocal Cantus Gaudium, mat sengen 20 aktive Memberen, e flotte Fréijoers-Concert, deen zesumme mat de Chorales d’Hommes Réunies ofgehale gouf, gesongen. Dat Ganzt war am Kader vum Télévie 2022 an gouf am neie Sall vum Centre Saint-Martin zu Diddeleng presentéiert.
Fir méi Detailer kennt dir Iech gäre mellen.
D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madamm Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.
cantus-gaudium@pt.lu
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Short Voluntary | J. Worgan |
---|---|---|
Agangslidd | Freudenklänge | C. W. Gluck |
Kyrie | Messe Brève no 5 | C. Gounod |
Gloria | Im Frühling | W. A. Mozart |
Tëschegesank | Comme un souffle fragile | G. de Courrèges |
Credo | gebiet | |
Offertoire | O salutaris Hostia | W. A. Mozart |
Sanctus | Messe Brève no 5 | C. Gounod |
Agnus Dei | Messe Brève no 5 | C. Gounod |
Kommioun | Panis Angelicus | C. Franck |
Schlusslidd | Verklungen sind die Melodien | G. Rabe |
Sortie | Carnet Voluntary | G. Berg |