lb | fr | pt | en |
Péngschten B
Joh 15,26-27;16,12-15
26 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann de Bäistand bis komm ass, deen ech iech vum Papp hier schécken – de Geescht vun der Wourecht, dee vum Papp ausgeet –, da gëtt hien Zeegnes vu mir,
27 an och dir gitt Zeegnes, well dir vun Ufank u bei mir sidd.
12 Et gëtt nach villes, wat ech iech ze soen hätt, ma dir kënnt et elo net erdroen.
13 Wann awer de Geescht vun der Wourecht bis komm ass, da féiert deen iech an déi ganz Wourecht an. Hie schwätzt dann nämlech net vun sech aus, ma all dat, wat hien héiert, seet hien, an dat, wat kënnt, verkënnegt hien iech.
14 Hie verherrlecht mech, well hie kritt en Deel vun deem, wat mäint ass, a verkënnegt iech et.
15 Alles, wat de Papp huet, ass mäint; dowéinst hunn ech gesot, datt hien en Deel dervun hëlt an iech et verkënnegt."