lb | fr | pt | en |
30. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 18,9-14
9 Verschiddene Leit, déi iwwerzeegt waren, datt si gerecht wären, an déi déi aner veruecht hunn, huet de Jesus dëst Gläichnes erzielt:
10 "Zwéi Männer sinn erop an den Tempel gaang fir ze bieden; deen ee war e Pharisäer, deen aneren e Steierandreiwer.
11 De Pharisäer huet sech dohi gestallt an huet fir sech gebiet: ’Herrgott, ech soen dir merci, datt ech net esou si wéi déi aner, wéi Raiber oder wéi Leit, déi ongerecht sinn oder déi friemginn, oder och wéi dee Steierandreiwer do.
12 Ech faaschten zweemol d’Woch, an ech gi vun allem, wat ech erakréien, den zéngten Deel of.’
13 De Steierandreiwer awer war méi wäit ewech stoe bliwwen. Hie war net emol esou kéng, an den Himmel opzekucken, ma huet sech un d’Broscht geschloen a sot: ’Herrgott, schenk mir Sënner deng Gonscht!’
14 Ech soen iech: Hien ass als Gerechten heemgaang, deen aneren awer net. Well jiddereen, deen sech selwer erhéicht, gëtt erofgesat; deen awer, deen sech selwer erofsetzt, gëtt erhéicht."