lb | fr | pt | en |
Oktav 2024 : Dënschdeg 23. Abrëll
Geschicht vum Dag a Fotoen
Be the light, d’Thema vun de Schülerinnen aus der Privatschoul Marie-Consolatrice, huet dësen Dënschdeg de Moien d’Kathedral beliicht. Déi jonk Meedercher hunn de ganzen éischten Deel vun der Kathedral gefëllt, fir eng Mass ronderëm d’Thema ’Liicht’. D’Lidder, déi mat vill Häerz vun engem klenge Grupp vu Sängerinnen an Instrumenter opgefouert goufen, ware suergfälteg ausgewielt. De Jesus ass mäi Liicht, hunn si intonéiert, ier se Luuchte vun alle Faarwen op de Buedem virum Altor gesat hunn.
D’Mass vun 11.15 Auer gouf vun de Paren Iewescht Syr Saint-Esprit an Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas virbereet. An dëser Mass hunn d’Chéier aus der Por zesummen de musikaleschen Deel gestalt. Si hunn ënnert der Leedung vum Jean Schumacher an op der Uergel begleet vum Paul Breisch gesong. Mat vill Gefill hunn si e.a. den herrleche ’Marie Mater Jesu’ vum Jean-Pierre Beicht gesong.
Emouvanten Héichpunkt vum Dag: de Seegen vun de Kanner. E puer Dose Kanner an hir Elteren hu gesongen a gebiet, éier dass si vum Paschtouer vun der Kathedral Tom Kerger an dem Zeremoniar Jean-Pierre Reiners mat de Wieder: “Gott huet Dech immens immens gären” de Seegen kritt hunn. Dank der Equipe vun der ErwuesseBildung konnten déi Kleng dann am Pilger Café hiren eegene Pilgerstaaf dekoréieren.
- Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne
- Oktav 2017 . Octave 2017
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- Oktav 2018 . Octave 2018
- Oktav 2019 . Octave 2019
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave
- En neien Ufank woen
- The Origins of the “Octave of the Mother of God” in Luxembourg
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- As origens da Oitava em honra da Mãe de Deus no Luxemburgo
Retrouvez ici L’Octave au fil des jours