lb | fr | pt | en |
11. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 4,26-34
26 De Jesus sot zu deene ville Leit: "Mam Herrgott sengem Räich ass et esou, wéi wann een säi Feld aséit.
27 Et geet een owes schlofen an ’t steet ee muerges op, de Som kéngt a wiisst, an et weess een net wéi.
28 De Buedem bréngt vun sech aus Fruucht, fir d’éischt den Hallem, dann d’Éi, dann déi fäerdeg Kären an der Éi.
29 Soubal d’Fruucht zeideg ass, hëlt een d’Séchel erbäi, well et un der Zäit ass, fir d’Fruucht eranzehuelen.”
30 A weider sot hien: "Woumat solle mir dem Herrgott säi Räich vergläichen? Mat wat fir engem Gläichnes solle mir et beschreiwen?
31 Et ass wéi e Moschterkär, deen, wann e geséit gëtt, dee klengsten ass vun alle Somkären op der Welt.
32 Ass en awer bis geséit, da wiisst en an d’Luucht a gëtt méi grouss wéi all déi aner Gaardeplanzen, an en dreift déck Äscht, esou datt d’Vigel vum Himmel an sengem Schiet hir Näschter baue kënnen."
33 Mat villen där Gläichnesser huet hien de Leit d’Wuert auseneegeluecht, esou wéi si et verstoe konnten.
34 Ouni Gläichnesser huet hien hinnen näischt verzielt; senge Jünger awer huet hien alles erkläert, wann si ënner sech waren.