lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 21. November gëtt vu Steenem iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 21. November gëtt vu Steenem iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Steinheim séngt ënnert der Direktioun vum Nadja Burdot-Koob. Op der Uergel spillt d’Ursula Kattinger-Stephany. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem séngt Kiermessonndeg d’Tëleesmass
D’Chorale Ste Cécile vu Steenem, déi am Joer 1895 gegrënnt gouf, besteet aktuell aus 16 aktiven Sänger a Sängerinnen, déi vill Interessi a Freed um Sangen hunn. Wien sech eemol d’Woch vum Alldagsstress befreien an entspane wëllt, ka gäre bei eis sangen kommen. Eng gutt Ambiance am Veräin ass garantéiert. Eis Prouwe sinn Mëttwochs um 20.00 Auer am Fräihof zu Steenem.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Andante Festivo (Sequenz 1) | Jean Sibelius |
---|---|---|
Agangslidd | Freuet euch allezeit | Klaus Heizmann |
Kyrie | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Gloria | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Zwëschegesang | Lob sei dir Herr | Mg. 173,1 |
Alleluja | Alleluja | Jacques Berchier |
Credo | gebiet | |
Gowelidd | Les mains ouvertes | Odette Vercroysse |
Sanctus | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Anamnes | Geheimnës vum Glawen | Mg. 1092 |
Agnus Dei | Kleng lëtzebuerger Mass | Camille Rodenbour |
Kommiounslidd | Gelobt seist Du Herr | J. Venatius v. Wöß |
Schlusslidd | Ne rentrez pas chez vous | P. Buchet |
Sortie | Andante Festivo (Sequenz 2) | Jean Sibelius |
- Um 2. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass um 12. Sonndeg am Joreskrees gouf den 20. Juni vun Éinen iwwerdroen
- D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Elleng iwwerdroen
- D’Mass um 2. Oktavsonndeg gouf aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Ouschtermass gouf aus der Kierch vun Téinten iwwerdroen