lb | fr | pt | en |
D’ Radiosmass vam 22. August 2021 zu Wilwerdang
D’Sonndesmass vam 22. August um 9.00 Auer gët aus der Kierch vu Wilwerdang iwwerdroen. D‘Kanner, d‘Jonker an d‘Erwuessener aus dem ADESSO sangen d’Mass ënnert der Leedung vam Ferdi Kreins a feieren hiren 10. Gebuertsdag mat deser Mass.
De Kanner- a Jugendchouer Adesso guef den 26. Mee 2011 gegrënnt a feiert dest Joer sengen 10. Gebuertsdag. Dobai engagéiert sech d’Kannerchorale Adesso bei de Kanner- a Familljengottesdingschter a bei de Kommuniounen an der Par Ëlwen-Wäiswampich an doriwwer eraus bei Kanddafen a Concerten. D’Jugendchorale vam Adesso engagéiert sech mat engem flotten Programm va modernen a reliéisen Lidder bei Jugendmassen, Firmungen an doriwwer eraus bei Events fir Jonker. A sengen 10 Joer konnt den Adesso d’Erfahrung man wie sech Musek, Gesank, Liturgie a Glaawen mateneen verbannen an zu enger Heemecht kënnen gin fir de Mënsch vun haut.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Wo ich auch stehe | Albert Frey |
---|---|---|
Kyrie | Du bist ein Gott, der mich sieht | Johannes Matthias Roth |
Gloria | Louez-le | Glorious |
Alleluia | Hallelujah | Leonard Cohen |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowebereedung | On écrit sur les murs | R. Musumarie / J.M. Moreau |
Sanctus | Give me joy | LD 564 |
Anamnes | Deinen Tod o Herr verkünden wir | B. Hoffmann / Peter Janssen |
Agnus Dei | Shalom | Siegfried Fietz/Rainer Haak |
Kommioun | I am his child | Moses Hogan |
Schlusslidd | Danke | Andrea und Albert Frey |