lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass op Dräifaltegkeets-Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
D’Sonndesmass op Dräifaltegkeets-Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht séngt d’Mass. Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer. Organistin ass d’Katarína Strajtová. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen a schon um 10.30 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass zu Habscht
Eis Mëttelen gi méi bescheiden, an awer wëlle mer äis d’Freed net huele loossen, eise Glawen ze feieren a vill Leit dorunner deelzehuelen. Um Dräifaltegkeetssonndeg gët d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroën. Et ass wichteg, dass mer sonndes zesumme feieren. An déi chrëchtlech Gemeinschaft vun Habscht mecht och dëse Sonndeg hier Kierchendir grouss op, fir dass mer esou zu enger grousser digitaler Gottesdéngschtgemeinschaft ginn. Mir feieren eisen dräifaltege Gott, dee sou grouss a sengem Geheimnis ass, dass mir ën als Papp, Jesus Christus an Hellege Geescht erliewen a feieren.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Prélude en fa majeur (BWV 556) | J. S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Kommt, laßt uns unsern Gott und Herren preisen | LD 483 |
Kyrie | Missa de Angelis | LD 333 |
Gloria | Missa de Angelis | LD 334 |
Tëschegesank | Herr, unser Herrscher | Magn 710-1 |
Alleluja | Halleluja | LD 207 |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Anrufung voller Freude | Lani Smith |
Sanctus | Missa de Angelis | LD 335 |
Agnus Dei | Missa de Angelis | LD 336 |
Kommioun | Adagio (Concert D dur) | G. P. Telemann |
Schlusslidd | Gott Vater, sei gepriesen | LD 484 |
Sortie | Fugue en fa majeur (BWV 556) | J. S. Bach |
- D’Sondesmass um 3. Faaschtesonndeg gouf vu Manternach iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Habscht iwwerdroen (13. September 2020)
- D’Mass um 25. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
- D’Mass vum 22. Januar gouf vu Lellig iwwerdroen
- D’Mass um 8. Sonndeg gouf vun Dummeldeng iwwerdroen