lb | fr | pt | en |
31. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 23,1-12
1 De Jesus sot zu deene ville Leit, déi do waren, an zu senge Jünger:
2 "D’Schrëftgeléiert an d’Pharisäer, déi hunn sech op de Léierstull vum Moses gesat.
3 Duerfir sollt dir all dat maachen an anhalen, wat si iech soen, ma no deem, wat si maachen, sollt dir iech net riichten! Si soen nämlech, wat ee maache muss, si selwer awer maachen et net.
4 Si banne grouss Laaschten zesummen, déi schwéier ze droe sinn, a leeën se de Leit op d’Schëlleren, ma si selwer sinn net bereet, och nëmmen ee Fanger kromm ze maachen, fir déi Laaschte virunzebeweegen.
5 Bei allem, wat si maachen, geet et hinnen drëm, fir vun de Leit gesinn ze ginn: Si maachen hir Gebietsrimmer extra breet an d’Fränjelen un hirem Gezei besonnesch grouss,
6 si hu gär d’Éiereplaz um Dësch an déi éischt Plazen an de Synagogen,
7 si gi gär op de Maartplaze gegréisst a vun de Leit ’Rabbi’ genannt.
8 Dir awer sollt iech net ’Rabbi’ nenne loossen, well nëmmen een Eenzegen ass äre Meeschter, an dir sidd alleguer Gesëschter!
9 Dir sollt och keen op der Äerd äre Papp nennen, well nëmmen een Eenzegen ass äre Papp – deen am Himmel!
10 An dir sollt iech och net Léiermeeschter nenne loossen, well nëmmen een Eenzegen ass äre Léiermeeschter – de Christus!
11 Dee Gréisste vun iech soll ären Dénger ginn.
12 Wien awer sech selwer erhéicht, dee gëtt erofgesat, a wien sech selwer erofsetzt, dee gëtt erhéicht."