lb | fr | pt | en |
12. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 4,35-41
35 Géint der Owend sot de Jesus zu senge Jünger: “Loosse mer op déi aner Säit fueren.”
36 Si hunn d’Leit fortgeschéckt, an si hunn hien an deem Naachen, an deem hien nach ëmmer dra souz, matgeholl. Et waren och nach aner Naachen derbäi.
37 Dunn ass en ellene Stuerm opkomm, de Wand huet gehurelt, an d’Wellen hunn héich an den Naachen erageschloen, esou datt d’Waasser héich dra stoe bliwwen ass.
38 De Jesus louch hannen am Naachen op engem Këssen an huet geschlof. Si hunn hie waakreg gemaach a geruff: “Meeschter, mécht et dir näischt aus, datt mir hei zugronn ginn?”
39 Hien ass opgestan, huet dem Wand gedreet a sot zum Mier: “Gëff dech, hal op!” Dunn huet de Wand sech geluecht, an d’Mier huet sech berouegt.
40 De Jesus sot zu hinnen: “Firwat fäert dir esou? Hutt dir dann nach ëmmer kee Glaf?”
41 Si awer hunn eng Doudangscht kritt a soten een zum aneren: “Wien ass deen do, datt esouguer de Wand an d’Mier him follegen?”