lb | fr | pt | en |
8. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 6,24-34
24 De Jesus sot zu senge Jünger: "Kee Mënsch kann zwéin Hären déngen: Entweder haasst hien deen een an ass frou mat deem aneren, oder hien hänkt un deem engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon.
25 Duerfir soen ech iech: Maacht iech keng Suerge fir äert Liewen an doriwwer, wat dir iessen an drénke sollt, an och net fir äre Kierper an doriwwer, wat dir undoe sollt. Ass d’Liewen net méi wéi de Kascht, an ass de Kierper net méi wéi d’Gezei?
26 Kuckt d’Vigel um Himmel: Se séien net, se huele keng Rekolt eran, an se kéipen näischt an der Scheier op, an dach gëtt äre Papp am Himmel hinnen hiert Fudder – dir awer, sidd dir net vill méi wäert wéi si?
27 Wie vun iech ka mat all senger Suerg säi Liewen och nëmmen ëm eng Grëtz verlängeren?
28 A firwat maacht dir iech Suerge fir äert Gezei? Kuckt iech d’Liljen um Feld un, wéi se wuessen: Se ploen sech net, an se spannen net een eenzege Fuedem,
29 an dach soen ech iech: Net emol de Salomon an all senger Herrlechkeet war gekleet ewéi eng vun hinnen.
30 Wa schonns den Herrgott d’Gras op der Wiss, dat haut do steet a muer am Uewe verbrannt gëtt, esou kleet, ëm wéivill méi dann iech, dir Klenggleeweg!
31 Maacht iech also keng Suergen! Frot net: ’Wat solle mir iessen?’, oder: ’Wat solle mir drénken?’, oder: ’Wat solle mir undoen?’!
32 All dat sichen nämlech d’Heeden. Äre Papp am Himmel weess, datt dir dat alles braucht.
33 Sicht dir fir d’éischt dem Herrgott säi Räich an seng Gerechtegkeet, all dat anert kritt dir dann derbäi.
34 Maacht iech keng Suerge fir muer, well den Dag vu muer suergt fir sech selwer. All Dag huet genuch eege Plo."