lb | fr | pt | en |
23. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 7,31-37
31 De Jesus ass nees aus dem Gebitt vun Tyrus fortgaang, an hie koum iwwer Sidon bei de Séi vu Galiläa, matzen an d’Gebitt vun der Dekapolis.
32 Dunn hunn d’Leit en Dafstomme bei hie bruecht, an si hunn hie gebieden, him d’Hand opzeleeën.
33 Nodeems de Jesus deen Dafstomme mat op d’Säit geholl hat, huet hien him d’Fangeren an d’Ouere gestach an him seng Zong mat Spaut beréiert.
34 Hien huet an den Himmel opgekuckt, huet déif Otem geholl a sot zu him: “Effatha”, dat heescht: “Géi op!”
35 An direkt sinn seng Oueren opgaang, d’Fessel ëm seng Zong huet sech geléist, an hie konnt schwätzen.
36 Dunn huet de Jesus de Leit Uerder ginn, jo nëmme kengem eppes driwwer ze zielen. Ma wat hien hinnen dat méi gesot huet, wat si et méi dorëmmer gezielt hunn.
37 Si waren total ausser sech a soten: “Hien huet alles gutt gemaach: Hie mécht, datt déi Daf héieren an d’Stëmmercher schwätze kënnen!”