lb | fr | pt | en |
4. Faaschtesonndeg B
Joh 3,14-21
14 De Jesus sot zum Nikodemus: "Esou wéi de Moses d’Schlaang an der Wüüst erhéicht huet, esou muss och de Mënschejong erhéicht ginn,
15 fir datt jiddereen, dee gleeft, an him éiwegt Liewen huet.
16 Den Herrgott huet d’Welt esou gär, datt hien säin eenzege Jong higinn huet, fir datt déi, déi un hie gleewen, net verluer ginn, ma éiwegt Liewe kréien.
17 Den Herrgott huet säi Jong nämlech net an d’Welt geschéckt, fir Geriicht iwwer se ze halen, ma fir datt d’Welt duerch hie gerett gëtt.
18 Wien un hie gleeft, iwwer dee gëtt net Geriicht gehalen; wien awer net gleeft, iwwer deen ass schonns Geriicht gehale ginn, well hien net un den Numm vum Herrgott sengem eenzege Jong gegleeft huet.
19 Dat hei awer ass d’Geriicht: D’Liicht ass an d’Welt komm, ma d’Mënschen haten d’Däischtert léiwer wéi d’Liicht, well hir Wierker schlecht waren.
20 Jiddereen, dee Béises mécht, haasst nämlech d’Liicht, an hie kënnt net bei d’Liicht, fir datt seng Wierker net opgedeckt ginn.
21 Wien awer der Wourecht no handelt, dee kënnt bei d’Liicht, fir datt sech weist, datt seng Wierker am Herrgott gemaach gi sinn."