lb | fr | pt | en |
5. Faaschtesonndeg B
Joh 12,20-33
20 Ënner deenen, déi op Jerusalem eropkomm waren, fir [den Herrgott] um Fest unzebieden, waren och eng etlech Griichen.
21 Dës koume bei de Philippus vu Bethsaida a Galiläa an hunn hie gebieden: “Här, mir géife gär de Jesus gesinn!”
22 De Philippus ass higaang an huet dem Andreas et gesot; du sinn den Andreas an de Philippus higaang an hunn dem Jesus et gesot.
23 De Jesus awer huet hinne geäntwert: "D’Stonn ass komm, wou de Mënschejong verherrlecht gi soll.
24 Amen, amen, ech soen iech: Wann de Weessekär net an de Buedem fällt a stierft, da bleift en eleng; wann en awer stierft, dann dréit e vill Fruucht.
25 Wien un sengem Liewen hänkt, dee verléiert et; wien awer säi Liewen op dëser Welt haasst, deen erhält sech et bis an d’éiwegt Liewen eran.
26 Wann ee mir dénge wëllt, da soll hie mir nokommen, an do, wou ech sinn, do ass dann och mäin Dénger; wann ee mir déngt, da gëtt hie vum Papp geéiert.
27 Elo ass meng Séil onroueg. Wat soll ech nëmme soen: Papp, rett mech aus dëser Stonn? Ma dowéinst sinn ech an dës Stonn komm.
28 Papp, verherrlech däin Numm!“Du koum eng Stëmm aus dem Himmel:”Ech hunn e schonns verherrlecht, an ech verherrlechen en och erëm.”
29 Dueropshi soten der vill vun deene Leit, déi do stoungen an dëst héieren hunn: “Et huet gedonnert!” Anerer soten: "En Engel huet mat him geschwat!”
30 De Jesus huet hinne geäntwert: "Net wéinst menger ass dës Stëmm komm, ma wéinst ärer.
31 Elo gëtt Geriicht gehal iwwer dës Welt, elo gëtt den Herrscher vun dëser Welt erausgehäit.
32 An ech, wann ech da vun der Äerd erhéicht sinn, dann zéien ech se all u mech."
33 Dëst sot hien, fir unzedeiten, wat fir en Doud hie stierwe géif.