lb | fr | pt | en |
Ouschternuecht B
Mk 16,1-7
1 Wéi de Sabbat eriwwer war, hunn d’Maria vu Magdala, d’Maria, dem Jakobus seng Mamm, an d’Salome Essenze kaaft, fir bei d’Graf ze goen an de Jesus ze salefen.
2 Si koumen deen éischten Dag vun der Woch an aller Fréi bei d’Graf – d’Sonn war grad opgaang.
3 Dunn huet eng déi aner gefrot: “A wie rullt äis de Stee vum Agank vum Graf ewech?”
4 Wéi si opgekuckt hunn, hunn si gesinn, datt de Stee schonn op d’Säit gerullt gi war – an dobäi war et e ganz groussen.
5 Si sinn an d’Graf eragaang an hunn do op där rietser Säit e jonke Mann an engem wäisse Gewand sëtze gesinn. Du sinn si ellen erféiert.
6 Hien awer sot zu hinnen: "Erféiert net! Dir sicht de Jesus vun Nazareth, dee Gekräizegten – hien ass aus dem Doud erwächt ginn, hien ass net hei. Kuckt, do ass d’Plaz, wou si hien higeluecht haten.
7 Gitt elo a sot senge Jünger an dem Péitrus: ’Hie geet iech viraus a Galiläa; do kritt dir hien ze gesinn, esou wéi hien iech et gesot hat.’"