lb | fr | pt | en |
Ouschteren ABC
Joh 20,1-9
1 Den éischten Dag vun der Woch ass d’Maria vu Magdala an aller Fréi, wéi et nach däischter war, bei d’Graf komm an huet gesinn, datt de Stee vum Graf ewechgeholl gi war.
2 Dunn ass si bei de Simon Péitrus gelaf a bei deen anere Jünger, mat deem de Jesus frou war, an si sot zu hinnen: “Et hunn der den Här aus dem Graf ewechgeholl, a mir wëssen net, wuer si hien higeluecht hunn!”
3 Dueropshi sinn de Péitrus an deen anere Jünger erausgaang a bei d’Graf komm.
4 Déi béid si mateneen dohi gelaf, ma deen anere Jünger ass méi séier gelaf wéi de Péitrus an ass als Éischte bei d’Graf komm.
5 Wéi hien sech eragebéckt huet, huet hien d’léngen Dicher do leie gesinn; hien ass awer net eragaang.
6 Du koum och de Simon Péitrus, deen him nokomm war, a goung an d’Graf eran. Hien huet d’léngen Dicher do leie gesinn
7 an d’Schweessduch, dat op dem Jesus sengem Kapp geleeën hat. Et louch awer net bei de léngen Dicher, ma zesummegerullt op enger anerer Plaz.
8 Elo ass och deen anere Jünger, deen als Éischte bei d’Graf komm war, eragaang; hien huet gesinn an huet gegleeft.
9 Si haten nämlech d’Schrëft nach net verstan, no där de Jesus huet misse vun den Doudegen operstoen.