lb | fr | pt | en |
„perfekt“ ze sinn
Wegweiser zum 6. Sonndeg am Joreskress (11.02.2018)
An eiser Welt, an der esou villes op Funktioun a Perfektioun ausgeriicht ass, huet och de Mënsch méiglechst „perfekt“ ze sinn: jonk, dynamesch, sportlech, gutt ausgebild, an, am beschten, och nach onofhängeg (also Single).
Vill Mënsche gi sech dofir all erdenklech Méi hir perséinlech Grenzen, Schwächten a Feler ze verstoppen. Si maachen dat esou gutt, dass keen ëppes matkritt; heiansdo si selwer och net méi. Fir si ass dat alles normal. Eng ganz Rei Mënschen kënnen awer net verstoppen, dass si net „perfekt“ si, well si z.B. geeschteg oder kierperlech behënnert sinn, well si schwéier krank sinn, well si hir schoulesch Ausbildung ofgebrach hu, well si hir Aarbecht verluer hunn, well si eng Kéier am Prisong waren ...
Haut um Weltdag vun de Kranken (11. Februar) léiere mir an den Texter vun der Liturgie e Mann kennen, déi wéinst senger Krankheet gesellschaftlech, reliéis a mënschlech total ausgegrenzt gëtt. De Regelen a Gesetzer vun deemools entspriechend, misst hie sech wäit vun all den aneren ewechhaalen. Trotzdem traut hie sech aus senger Isolatioun eraus, brécht all Virschrëften a gesellschaftlech Tabuen, geheit sech virum Jesus op d’Knéien a seet zu him: „Wann’s Du wëlls, kanns Du mir hëllefen!“ De Mann handelt ganz sécher aus der Verzweiflung eraus, mee ech denken, dass bei dëser ongewéinlecher Reaktioun och en enormt grousst Vertrauen an de Jesus matgespillt huet.
An dat mécht dëse kranke Mann u sech zu engem vun den éischte Chrëschten. Am Jesus begéint dëse Mann engem anere Gott, engem Gott, dee ganz anescht ass, wéi deen, deen hie bis elo kannt huet. Fir mech, als Chrëscht vun haut, stécht dofir am Evangelium vun dësem Sonndeg eng duebel Erausfuerderung: net nëmme meng perséinlech Relatioun zu Gott mee och déi zu menge Matmënschen, a besonnesch zu dene, déi krank an/oder eleng sinn, op de Leescht ze huelen.