lb | fr | pt | en |
Oktav 2024 : Samsdeg 27. Abrëll
Geschicht vum Dag a Fotoen
Op dësem feierlechen Dag vum Fest vun der Tréischterin am Leed huet eis Diözees d’Freed gehat, d’Priisterwei vum Léon Weber a vum Jakob Zeilinger an d’Diakonewei vum Diego De Lima ze feieren. “Haut ass en Dag vu Gléck, vu Freed”, huet de Monseigneur Jean-Claude Hollerich gepriedegt. “Net nëmme fir den Äerzbëschof, fir d’Bëscheef, fir d’Priister an d’Diakonen, mee och fir all d’Leit.”
No der Zeremonie huet een dës Freed an de Gesiichter an an de Kommentaren op der Plaz fonnt. “Et ass e wichtegen Dag fir eis Famill, awer besonnesch fir d’Kierch”, erkläert e Monni vum neie Paschtouer Jakob Zeilinger. “Mir si beandrockt vun der Zuel vun de Leit, déi präsent sinn, mir si wierklech eng ganz lieweg Gemeinschaft”, freeën sech Membere vun der Pastoralequipe vum Paschtouer Léon Weber. "D’Famill wiisst! », bemierkt mat Freed de Frère Jean-Luc, Kaploun vun de Sainte-Sophie Schoulen.
Um Ufank vum Nomëtteg gouf d’Mass fir d’Joerhonnertfeier vun der Teresianescher Institutioun vum Monseigneur Leo Wagener, eisem Weibëschof gefeiert: “Mir si Männer a Frae vun der Hoffnung, déi iwwerrascht si vun dëse Laien, déi d’Wierder vu Christus verstanen hunn: Dir sidd d’Salz vun der Äerd.”
Duerno war Mass fir d’Affer vum Nazismus, d’Deportéierten a politesch Prisonéier. Et ass eng Geleeënheet fir deenen, déi gelidden hunn an nach ëmmer leiden, eis Erënnerung an eise Respekt ze erweisen, well si do waren, fir eis Fräiheet ze verteidegen.
Um 15.30 Auer sinn d’Familljen aus Sacré-Cœur, der Glaciskapell, Saint-Alphonse a Saint-Jean-du-Grund an d’Kathedral gepilgert. D’Zeegnes vu Kanner, déi duerch d’Stad gepilgert sinn, an den Ave Maria sangen, hunn d’Touristen net kaal gelooss. D’Gruppen hu sech um Parvis virun der Kathedral getraff, wou de Kardinol Hollerich an de Paschtouer vun der Kathedral Tom Kerger si fir en uschléissende Moment vu gemeinsamem Gebiet bei der Consolatrix begréisst hunn. Vill Kanner goufe vun eisem Äerzbëschof geseent an hunn esouguer ... säi roude Kardinolkäppi probéiert!
Um Enn vum Dag war d’Mass fir d’Par Lëtzebuerg Notre-Dame, Secteur Süden, an eng Owend-Gebiet mat der Association Luxembourgeoise des Universitaires Catholiques.
- Oktav 2019 . Octave 2019
- Oktav 2022 . Octave 2022
- Oktav 2021 . Octave 2021
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- Oktav 2017 . Octave 2017
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- The Origins of the “Octave of the Mother of God” in Luxembourg
- (Bal) 400 Joer Oktavgeschicht. Konstanten a Bréch
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave
- „Consolatrix mit stilisierten Stadtmotiven“