lb | fr | pt | en |
Samschdeg 20. Abrëll, freedeg Ouverture vun der Oktav!
Kuckt eis Fotogalerie un
D’Feierlechkeeten hunn um 15 Auer ugefaang mat der offizieller Aweiung vum Pilgerzelt an dem Pilgercafé, dem onëmgänglechen Treffpunkt wärend der Oktav. Vun dësem Moment un gëtt de Motto vun dësem Joer, “...fir ze déngen”, gesat.
Um 16 Auer fannen sech d’Pilger an der Kathedral an, versammelt fir déi offiziell Ouverture vun der Oktav. Déi üblech Still am Chouer goufen duerch méi schmuel Still ersat, wat et erlaabt huet, dass méi Pilger Plaz konnte fannen.
De barocke Votiv-Altor war opgeriicht ginn, d’Blummendekoratiounen si prachtvoll, alles ass prett fir déi wonnerbar Statu vun der Muttergottes, Tréischterin am Leed, ze begréissen. Si dréit fir dëse besonnesche Moment e wonnerbaart Kleed: e Seidenensembel, aus Seid a Gold mat Relief gemaach. Broderien, Pärelen a Steng, vum Abt Norbert Reuter am Joer 1923 geschenkt.
A senger Priedegt erënnert den Äerzbëschof Mgr Hollerich datt d’ganz Kierch am Déngscht muss sinn. Wa mir am Déngscht sinn, si mir dem Jesus am noosten, sou wéi d’Muttergottes seng Mamm war.
No der Priedegt bidden d’Vertrieder vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren e Kuerf mat hire Produiten un. D’Litanei an dann d’Begréissung vum Hellege Sakrament: d’Oktav ass offiziell op, mee den Dag ass net eriwwer!
D’Kathedral bleift den Owend bis 22.00 Auer am Kader vun der Nuecht vun de Kathedralen op. Dann geet den traditionelle Pélé des jeunes um 22.30 Auer vu Jonglënster aus fort. Zu Lamadelaine ass um 21.30 Auer Rendez-vous (Pare Kordall an Déifferdeng) an e Sonndeg de Moien um 5.30 Auer bei der Philharmonie (LGS). No engem Nuets-Spadséiergank mat rouegen a méi animéierte Momenter, kommen déi jonk Pilger an d’Kathedral fir d’Mass vum Pélé des Jeunes um 7.30 Auer e Sonndeg de Moie mam Kardinol Hollerich ze feieren.
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- Oktav 2018 . Octave 2018
- Oktav 2020 online . Octave 2020 en ligne
- Oktav 2022 . Octave 2022
- Das Oktavbild des Tages . L’image du jour de l’Octave
- « Un cierge à Notre-Dame »
- Wéi gëtt de Votivaltoer opgeriicht?
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave
- En neien Ufank woen
- „Consolatrix mit stilisierten Stadtmotiven“
Retrouvez ici L’Octave au fil des jours