lb | fr | pt | en |
Lourdes 2021 heiheem
Fotoaktioun, Pilgerheft, Pilgermass a Rousekranzgebiet
Léif Alleguer,
Am Kader vu „Lourdes heiheem“ 2021 invitéiert de Pilgerbüro, zesumme mat de Foulards Blancs, Iech, d’Lourdes-Grotten hei zu Lëtzebuerg nei ze entdecken, opzesichen oder och nei ze beliewen. Fir ville Leit eng Freed ze maachen an hinnen eng Méiglechkeet ze ginn, fir aner Lourdes-Grotten am Land kennen ze léieren, froe mir Iech, eis är schéinste Fotoe vun de Lourdes-Grotten aus dem Lëtzebuerger Land ze schécken. Är Fotoe ginn dann hei op „cathol.lu“ publiziert. D’Fotogalerie fannt Dir HEI…
Wann dir ee Pilgerheft fir “Lourdes heiheem 2021” wëllt bestellen, schéckt wgl. een E-Mail op pelerinages@cathol.lu oder maacht einfach eng telefonesch Bestellung op 691 44 79 72.
- Freides, den 23. Juli 2021 ass um 15.00 Auer ee feierleche Rousekranz an der Kathedral fir d’Pilgerwoch gemeinsam ofzeschléissen.
Fir déi 2 Momenter braucht dir Iech net unzemelden. Mir freeën äis vun Häerzen op äert Kommen fir mat Iech ze bieden, a Verbonnenheet mat Lourdes, enger Pilgerplaz déi mir hoffen dat nächst Joer ërem ze fannen.
Mat léiwe Gréiss,
D’Équipe vu Lourdes heiheem